26 June, 2017

De Sender aus der Minett op 107.00 FM

  • email.png
  • twitter.png
  • facebook.png

De Sender aus der Minett op 107.0FM

08Apr17
Drucken E-Mail

 Dir Damen, dir Herren léif Memberen:

Am Num vum RBV wëll Ech Iech ganz hërzlech merci soen fir aer Enerstëtzung déi mir vun Iech dei leschten Joëren krut hun.

Enerstetzungen an Form vun Doën,Reklamen oder op onsen Organisatiounen mat dorbei ze sin ,

sin dat wichtegst wat onsen Sender um Liewen hällt.


Nët ze vergiessen awer den groussen Apui vun Seiten onserer Gemeng,wou Ech awer hei op dëser Platz nach eng Keier

onsem Député-maire Georges Engel mat sengen Schëffen an Gemengerôt ganz hërzlech merci soen wëll.

Schon iwer 25Joer get et Asscociation Culturelle Lokal Radio Suessem Bieles Zolver Eileréng

asbl, mat senger Dénominatioun:   Radio Belle Vallée - de Sender aus der Minett

An e puerJoëren sin d‘Weichen néi gestallt gin. Een Wee deen fir vill trei Nolauschterer nët ganz einfach as!

Een Wee wou een alt Memberen verléiert ,an awer ëmmer nees néier derbai kritt. Am Liewen as et alt esou an et kann

een nët Jidderengem alles Recht machen.

Och dest Joer wärten mir nach eng Schepp beileéen ,an nach mei an die nei Techniken investeiren, fir och mei schnell

an informativ ze gin.Mir wellen probeieren Ich dobausen mei mat an die nei Techniken virtuel anzebannen,

op iwer Sozialnetzwierker oder Hompadge..


Den 28ten Abrëll 1992 as den Radio Belle Vallée ganz offiziell zu Esch- Uelzecht um Enregiestrement angedroën gin.

En as gegrënnt gin e puer Deeg virdrun vum:

Orazi Antoine

Jung Guy

Lukas Manfred

Gaudina Sonja

Pascal Klaes

Krecké Micheline

Jung Jean +

Lukas Albertine +

Jung José

25 Joër : eng lang awer och eng schéin Zeit…

Bierg op an Bierg of, dât as Geschicht wou den Radio Belle Vallée een Buch kënnt schréiwen an dât spannender als een Krimi….

Alles wât den RBV bis Dato erlieft huet…..bestëmmt giff dât een Bestseller gin.

Vill an gut Animateuren hun sëch beim RBV d‘Klensch an den Grapp gedréckt,Frëndschaften zwëschend Nôlauschterer

an Speakeren sin geknäppt gin, wéi schon gesôt: schéin Zeiten awer och déi âner Zeit wëll ech hei ernimmen.

Eng Zeit déi mat Momenter nët esou schéin war; nämlech ëmmer dann, wann een Member ,een Nôlauschterer oder

een Teamkollég ons vir ëmmer verlôss huet….

Wellen mir hoffen das mir och nach den 2017 als klengen Radiosender een veierel Johrhonnert Radiogeschicht

an der Gemeng Suesem schreiwen kënnen.

Orazi Antoine

RBV

© Radio Belle Vallée 2013 / Webhosting by letzebuerg.net / Design by design4you.lu