13 November, 2019

De Sender aus der Minett op 107.00 FM

De Sender aus der Minett op 107.0FM

Late Night Show

Zugriffe: 562
Late Night Show
Dem Benny Kapkan seng Late Night Show existéiert zënter 2009. Wéi den Numm et scho seet kënnt se spéit am Owend, bal schonn Nuet, aktuell ass et donneschdes vun 22 bis 24 Auer. Et ass déi éischt Sendung hei zu Lëtzbuergesch an deer een och emol Russesch ze héiere kritt. D’Konzept ass awer ganz breet ugeluet: all Museksstiler an all Sprooche kënne vertruede sinn, just op d’mannst ee Lidd muss an enger slawescher Sprooch sinn. All Sendung orientéiert sech un engem Thema, wat dann entweder de Museksstil festleet, oder zu wëllen Associatiounen aluet bei deenen et dacks ganz queesch duerch d’Musekswelt geet, sou datt fir jiddereen eppes derbäi ass.

RBV

© Radio Belle Vallée 2013 / Webhosting by letzebuerg.net / Design by design4you.lu