Catching A Wave

Jammin ‘James Riley Biographie:

 

De Begrëff “al Séil” gouf méi heefeg benotzt fir den James Riley ze beschréiwen. Seng Mamm, Elvis Alben a Filmer wéi American Graffiti a Buddy Holly Story hun sein musikâleschen Goût geprägt, an dât schon als Kand zu Louisville KY an den 1970er  wou hin opgewuess as.

De Riley huet Kommunikatiounskonscht am Georgetown College zu Georgetown, KY, studéiert wou hien eng aktiv Roll am WRVG um Campus iwwerholl huet.

Hien war  eng vun der renomméiertster Persoun  an der Radio Promotiouns Scène zënter 1993, wou hien fir eng Vielfalt vu Chrëschtleche Plackelabel geschafft huet, dorënner Word, Provident, Inpop a R.E.X. Records, an huet sech elo op Old Fashioned Radio Publicity    Ameripolitan, Americana, Blues,  konzentréiert.

Den James huet d’Rockabilly N Blues Radio Hour vun Ufank 2014 bis Ufank 2021 gehoust, iert hien am Februar 2021 Catching A Wave (eng Show déi hien vum September 2016 bis Dezember 2017 gehoust huet) nees an d’Liewen geruff huet.

Am Jôër 2016 war de Riley nominéiert gin  fir den DJ vum Jôër bei den Ameripolitan Music Awards an erëm am Jôër 2017 wéi hien de Präis gewonnen huet.

D’Léit hun  hien ëmmer nees gefrôt fir  Catching A Wave  nees zeréck ze bréngen an hien as um Sprong zeréck op dem Surfboard fir dât Bescht a Surf / Summer / Beach Melodien ze bréngen! Seng Fra, Beth, huet e wöchentlecht Segment an der Sendung mam Numm “Surf’s Up: Beth’s Beach Boys Break”, dât eng grouss Streck vun der amerikanescher Band weisst.

Et gin och âner Segmenter wéi “Wheel Of Fun, Fun, Fun”, Catching A Wave Time Machine an d’Jammin ‘James Jukebox Selection / Trivia of the Week.

Hien huet säin beschten Frënd, d’Beth Riley, am Mee 2020 bestuet an si schaffen zesummen an der Radio Promotioun , souwéi an Podcast an Radiossendungen. D’Beth huet och seng eege Sendung mam Numm Boppin ‘With Beth, déi hat am September 2020 gestart huet!

Dir kënnt dës Sendung Samschdes an Sonndes ab 14 :00 hei um RBV lauschteren.

 

 

2 Kommentare

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.


*