Renn’s Corner …déi eischt Abrëll

Salut, ech wollt mech emol mellen, also bei iech dobaussen, bei all deenen déi dem auserneenhalen, an richteg zesummesetzen vun Buschtawen fäeg sinn, also, deenen déi liesen kennen, vir et emol salopp duerzestellen, wat gutt do drun ass, dir braucht nach net emol selwer ze schreiwen, ass dat da keen Service, ma kloer, mee sou sinn mir eben.

Ech, also den granzegen Rënn wäert an Zukunft mer hei, iwwert Dëst an Dat mäin schéinen Käppi zerbriechen an dann mäin Wëssen iwwert dësen Wee konnt dinn, wat interessant kann ginn well mäin Wëssen iwwer qualifizéiert ass, neen. Moment, dat war net esou, mäin Wëssen, ass iwwer,          iwwer,          ah jo, iwwerhaapt net existent, sou ass et richteg, an dofir sinn ech den richtegen Expert vir op är Froen ze äntweren, obschonn der keng gestallt hutt. Quasi esou wéi all déi Politiker déi Permanent iwwerall Eppes vun sech ginn, obschonn guer keen se iergend Eppes gefrot huet, wéi zum Bleistifft, éischten Abrëll, vir wat heescht den Dag éischten Abrëll, also, ech hunn mech emol schlau gemaach an sinn zu dësem Resultat komm, den éischten Abrëll heescht esou well et dach tatsächlech den éischten Dag am Mount Abrëll ass, wär en den Dag drop, wär et den zweeten Abrëll, an elo dat komeschst un dëser Saach, dat ass all Joer esou, jo, egal op Schaltjoer oder net, ass dat net komplett verréckt, wéi ech dem nogaang sinn, ech sinn bal, jo awer nëmmen bal, a well dat esou een Phänomen ass, maachen verschidden Leit den Uz mat Aneren, meeschtens komplett idiotesch, awer och heiansdo mat Setzwo, also Niveau, wéi z.B. d’US first Lady, d’Jill Biden, Sie huet sech als Stewardess verkleet an op engem normalen Flug zwëschen Kalifornien an Washington d‘Passagéier zerwéiert, esou Eppes nennen ech Jux trallala, an net hei, d‘Fritten kommen aus Lëtzebuerg, dobäi wëssen mer dach all, datt d‘Fritten aus Bréissel, aus der Europa Kommissioun kommen, laut Gesetz, mee dat mat der Stewardess, dat nennen ech dach emol, also dat hätt dach och hei kënnten onsen Éischten maachen, dir wësst, onsen Bettel, firwat net, als Stewardess mat der Luxloft op Palma, do dann do nach schnell e puer Bistroen zou gemaach an zeréck.

 

S.d.w.e.v.H.

Ech

 

Ps: S.d.w.e.v.H.  steet vir:     Sou dat war et vir Haut

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.


*