Renns Corner : dei zweet Abrell ” Ouschteren “

Saluti a tutti, wosst dir eigentlech datt Ouschteren den längsten Feierdag ass, jo dach, hei kuckt emol, ech hunn nach Eeër vum leschten Joer, also wann dat net déngen, also wat dann, ech hunn mech allerdéngs gefrot, wou kommen déi vill Ouschtereeër hir, fréier ass jo den Hues mam Zuch bei d’Hénger gefuer, huet dann do seng Commande ofginn, an Déi hunn Him dann d’Eeër mat der Post Heem geschéckt, jo deemools huet d‘Post nach Post geheescht, do haten se se nach net ëmgedeeft, vir ganz vill Euroen, jo haut heescht se jo Post, egal, an dann huet den Ouschterhues mat vill Kennen, Gedold a Faarf d’ Eeër kënschtleresch gemoolt, vir se dann mam Zuch duerch d‘ganz Welt ze schécken, wou dann déi lokal Huesen déi Eeër ausgedeelt hunn, haut ass dat ganz anescht, eleng déi Saach mam Zuch, vue datt déi vum Zuch ëmmer esou pünktlech sinn, fäerten ech datt Ouschteren schonn eriwwer ass, ier den Hues mam Zuch iwwerhaapt bei den Hénger ukënnt, an och präislech ass dat net méi machbar, ganz dervun ze schweigen datt d’Hénger haut alleguer an enger Gewerkschaft sinn an fest Schaffzäiten hunn, mat Congé an Feierdeeg an all dat Gedeessems, Freides jo elo schonn guer net, well do sinn se bei Fridays for Future, also kommen d’Ouschtereeër haut all aus China, déi hunn zig Huesen déi d’ Eeër selwer leeën, direkt gekacht an faarweg déi se dann och nach selwer um Heemwee ausliwweren an verstoppen. O.K. vill sinn der dann schonn futti, mee wat soll et, haptsaach bëlleg.
Ech schaffen jo drun vir all den Politiker hir Eeër, déi déi esou am laf vum Joer leeën, déi jo bis elo nëmmen virtuell waren, ze materialiséieren, an dann sinn ech den neien
King of Easter Eggs. Genau.

S.d.w.e.v.H.

Ech

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.


*