D’Zolwer Knappbléiser Adaptatioun vum Lidd „Béihmeschen Dram“

 

Zolwer Knappbléiser – photo: claude piscitelli

D’Zolwer Knappbléiser sinn u sech ganz traureg, well se net zesumme musizéieren a mat hire Supporteren feieren kënnen. Fir hier Laun opzebesseren, hu si sech da virtuell getraff an esou presentéieren si Iech dann heimat den Titel „Béihmeschen Dram“…

Bei dëse Stéck handelt et sech em eng aktualiséiert Adaptatioun vum Lidd „Böhmischer Traum“ aus dem Joer 1997 vum Norbert Gälle. An och wann dat Lidd schonns e puer Joer um Bockel huet, sou ass et haut nach ëmmer eent vun de beléiftsten Titelen aus der béihmesch-mährescher Blosmusek. Dëst Stéck ass ursprénglech als reng instrumental Polka komponéiert ginn a krut eréischt an de leschte Joren verschidden Texter dropgesat, sou dass d’Lidd de Wee an aner Stilrichtungen fonnt huet. Haut ginn et dann ewell Schlager-, Karneval- oder Aprèsschi-Versiounen, jo souguer Techno- an Heavy-Metal-Versiounen. Nach di leschte Saison huet den DJ-Oetzi heirauser säin aktuellen Hit „der hellste Stern“ produzéiert.

D’Zolwer Knappbléiser spillen Iech heimat awer d’Original-Partitioun esou wi den Norbert Gälle dëst Stéck komponéiert huet. Well si sech wéinst de sanitären Mesuren net konnten zesummekommen, hu si sech eenzel mat hirem Handy opgeholl an hu sech beim Text un hirer momentaner Stëmmung orientéiert, déi sou iergendwou tëscht Trauer an Hoffnung läit…

Héieren a gesinn kënnt der den Titel um Youtube-Kanal vun den Zolwer Knappbléiser:

https://www.youtube.com/watch?v=OwaLP6y_6vU

Oder hei als Audio-Datei fir downzeloaden a mi enger héichwäerteger Qualitéit: https://www.dropbox.com/s/gsu5perg36uvb8g/B%C3%A9ihmeschen%20Dram%202021.wav?dl=0

 

3 Kommentare

  1. Super flott , maacht weider esou wann een zur Zeit net präsenz prouwen oder Optrëtter maachen kann, ass daat eng super Alternativ.
    Ech gréissen ierch all aus dem Saarland
    Karine

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.


*