Renn’s Corner

Salut Alleguer, ech weess, et ass schonn laang hir, datt ech Eppes hei vun mir ginn hunn, awer wat sol ech soen, mäin Bik war an Quarantän, an elo, endlech, ass och hien geimpft, ech jo schonn méi laang, awer mäin Bik ass nach vill méi jonk, quasi nach een Bikini, apropos Bikini, hu der dat matkritt, am Beachhandball mussen d‘Damen an ganz kuerzen an enk kierperbetount Bikiniboxen spillen, an elo sinn d‘Spillerinnen vun der Norwegescher National Mannschaft bestrooft ginn well se an méi, jee, eppes méi liichten Shorts gespillt hunn, lo virun kuerzem op der EM am Spill ëmmt drëtt Platz géingt Spuenien, Sie haten wuel eng Demande dofir gemaach, mee déi ass vun der Europäescher Handball Federatioun ofgeleent ginn, an dat well d‘International Federatioun dat esou virschreift, vir mech ass dat Sexismus op aller héchstem Niveau,  mir schéint wéi wann do am IHF an am EHF e puer V.I.P.s géingen setzen, déi dat brauchen well soss Näischt méi leeft, also e puer Very Impotent Persons, dat normaalt Vollek gëtt genervt ouni Enn vun weegen genderen an déi Meedercher mussen do an engem, wéi soll ech dat elo gender neutral soen, Pornoersatz*in sech gekonnt an den Sand geheien, shame on you! Ech hunn dach tatsächlech ëmmer geduecht et géing ëmmt den Sport goen, sou kann een sech emol ieren, lo reegen ech mech dach schonn erëm op, ech alen Granzert, wat haten mer dann nach, mir haten Waasser, vill Waasser, esou guer vill ze vill, an obschonn Meteorologen wéi den Philippe dat schonn Deeg virdrun matgedeelt hunn, koum et dach awer esou eppes vun Iwwerraschend, datt déi Meescht iwwerrascht waren, Baachen an Flëss sinn iwwergelaf an, jo an dunn war d‘Katastroph perfekt, a schonn hunn d‘Politiker Ursaach fonnt, d‘Klimaerwiermung, richteg, do ass eppes drun, mee d‘Klimaerwiermung huet keng Baugenehmigungen eraus ginn nieft Baachen an Flëss, an huet och net d‘Wisen an d‘Bëscher zou betonéiert, neen dat waren, eh, tja wien war dat schonn méi, lo hunn ech dach tatsächlech vergiess wiem seng schold dat ass, also dem Klima seng net, awer mir waren net eleng betraff, eis Noperen huet et nach vill méi schlëmm getraff, an iwwerall sinn ebemol Politiker aus hiren Lächer eraus komm an hunn vill Versprach, den Een oder den Aneren huet och missen laachen,  awer gehollef hunn virun allem, net si, vun mir hei Merci deenen déi dann do waren an gehollef hunn, op d‘Assurancen kennt elo eng schwéier an deier Zäit duer, also wäert elo geschwënn eng kleng Deierecht op ons zou kommen, an och net méi alles direkt als Schued ugesinn ginn, wéi zum Beispill, wann een VIP, also eng Very Inkontinent Person an d‘Box pisst, wäert dat net méi als Waasserschued, dir verstitt.

 

S.d.w.e.v.H

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.


*