Country

De Granzert goes country

Hintergrund
share close
Mëttwoch 14:00 16:00
Mëttwoch 22:00 00:00
Samschdeg 00:00 02:00

Cowboy granzegen Rënn,

esou ginn ech genannt, anerer nennen mech Rënn Granzert, firwat, ech weess et net.

 

Vläicht well et mäin Numm ass, kann jo sinn, egal.

Ech hunn mat 16 Joer ugefaang als DJ an verschidden Discoen, Sonndegmëttes mat Placken ze jongléieren.

(Placken, also vir déi méi jonk, dat sinn esou grouss schwaarz Dénger mat engem Lach an der Mëtt an enger Rill déi vun Baussen no Bannen verleeft a wou dann Musek drop ass, an elo den Witz, op deenen zwou Säiten, ass dat net verreckt)

Eréischt méi spéit koum ech zur Country Musek. Awer dat ass schonn esouuuuuu laang hir, do sinn nach d‘Cowboyen op Dinosaurier geridden.

Radio, eng Sendung, neen, dat war ni Eppes vir mengem Pap säin Jong, ech sinn méi duerch Zoufall eemol an engem Studio gelant, an dat virun wäit iwwer 40 Joer.

A mengem Archiv fënnt een country music vun 1922 bis zur aktueller Nummer 1 vun haut.

Haut sinn ech den Chef d‘Orchester an der Sendung „de Granzert goes country“ an weess nach ëmmer net firwat.

Lauschtert dach einfach emol eran, Mëttwochs ëm 2pm oder och vläicht Freides zwëschen 22 an 24 Auer, do leeft dann d‘Widderhuelung, méiglech datt dir eraus fannt firwat se mech Cowboy granzegen Rënn nennen.

 

Howdy, an bis dann eng Kéier op der Antenn.

 

Rënn Granzert

 


De Granzert goes country Crew





Rate it

Lauschtert eis iwert TuneIn App

Speakers (per Zoufall)

RBV - Infos

Studio:
6, rue des Alliés
L-4451 Belvaux

Adresse postale:
BP:105
L-4402 Belvaux

Tel: 59 24 04 / 59 06 53
Fax: 59 20 72

TVA: 19926100273
LU16411588

B.C.E.E. IBAN:
LU96 0019 5200 0140 5000

0%